D’Volleksbühn gëtt momentan vu fënnef Memberen organiséiert: dem Hélène Walland, dem Anouk Wagener, dem Anne Simon, dem Jacques Schiltz an dem Max Jacoby. Si inspiréiert sech un der Berliner Volksbühne am Rosa-Luxemburg-Platz an där Hisiicht, datt se probéiert, eng Géigestëmm zu der aktueller Theaterzeen z’entwerfen. Dobäi gëtt versicht, eng Aarbechtsweis opzebauen, déi eis net un déi grouss Institutioune bënnt, mä déi dem Kënschtler eng méiglechst grouss Entscheedungskraaft iwwerléisst.
Déi Entscheedungskraaft geet Hand an Hand mat enger méi spontaner Handhabung vun der Programmatioun a Realisatioun vun de Projeeën, wéi et bei aneren Theateren üblech ass – wat sech idealerweis och op d’Ästhetik vun der Volleksbühn selwer auswierkt: gliddeg aus der Pan, vläicht e bëssi graff, virun allem awer net ze vill iwwerluecht an aus dem Moment kreéiert.
Dat bréngt mat sech, datt mer als Lieu net onbedéngt op déi gängeg Theaterraim zeréckgräifen, mä Plazen, déi sech fir de jeeweilege Projet dee Moment ubidden, ob et elo de lokale Centre Culturel, de Bistro ëm den Eck, oder dem Monni seng Garage ass. Mir wëlle spillen, net well et grad opportun ass, mä äus enger déiwer Loscht eraus, an doduerch idealerweis och e Public uschwätzen, deem Theater bis elo sou laang wéi breet war.