Produktioun Nr.1 – Die Lügen der Papageien

Den Tatortkommissär Wolfram Koch, deen alt heiansdo och emol Theater mécht, kënnt op Lëtzebuerg fir an der éischter Produktioun vun der Volleksbühn d’Haaptroll ze spillen. D’Schauspillerin Anouk Wagener huet him e Stéck op de Läif geschriwwen, een ergräifend-tragikomesche Monolog iwwert de Schauspiller, seng Ofgrënn an iwwert d’Welt vum Theater.

Dëse Monolog verlaangt no enger immens intimer Kommunikatioun tëscht dem Acteur an dem Public, wat et praktesch onméiglech mécht, den Text ouni Public ze prouwen. Dofir huet d’Volleksbühn sech dozou entscheet, bis zur Uropféierung e groussen Deel vun de Prouwen ëffentlech ze maachen. Ob et jeemools zu enger Première komme wäert steet nach net fest, dofir kommt besser elo laanscht…

Mir invitéieren Iech häerzlech, Iech d’Entwécklung vun dësem grousse Projet unzekucken, an eventuell Äntwerten op folgend Froen ze fannen: “Wien oder wat ass d’Volleksbühn?” a virun allem: “Wat wëlle mer iwwerhaapt?”

Ëffentlech Prouwen:

den 08. Februar 2020 um 19.30 am Kulturhaus Niederanven

den 09. Februar 2020 um 17.00 am Kulturhaus Niederanven

Duersteller: Wolfram Koch, Text: Anouk Wagener, Regie: Jacques Schiltz, Oeil extérieur: Tom Dockal, Produktioun: Anne Simon

Nom Stéck vum Andreas Marber
© Aufführungsrechte beim S. Fischer Verlag, Frankfurt am Main

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture.

Share this page: