Produktioun Nr. 3.3 – Mäcbess

Léift Vollek,

d’Volleksbühn ass de 26. Abrëll um 19.55 rëm mat engem neie Stéck fir Iech do: Mäcbess.

De Mäcbess kritt vun den Hexe versprach Kinnek ze ginn. Seng Fra stiwwelt hien doropshin un, ee ganz geféierlecht Spill ze spillen an sech mat sengen ale Kollegen, dem Duncan an dem Mäcduff unzeleeën. De Mäcbess léisst sengen däischtersten Ambitioune fräie Laf…

D’Volleksbühn weist Iech den nächste Sonnden eng nei Versioun vum Shakespeare sengem bluddege, schottesche Stéck, an der Lëtzebuerger Iwwersetzung vum Jean-Michel Treinen! Kuckt op en Neits bei eis laanscht!

Mam: Elsa Rauchs, Konstantin Rommelfangen, Luc Schiltz, Philippe Thelen.

STËMMT OF FIR DAT NÄCHST STÉCK VUN DER WOCH!

BEI D’PROJETSBESCHREIWUNG!

BEI D’SPILLREGELEN!

Share this page: