Pressecommuniqué (18. Abrëll 2018)

« Ohne Kunst gibt es kein Theater! (…) Alles ist so sauertöpfisch akkurat, so mittelmässig wohldosiert, so verbluffend und tödlich in seinem Mangel an Talent. (…) Bei der Jagd auf den Formalismus haben Sie die Kunst zu Tode gehetzt. »
Wsewolod Emiljewitsch Meyerhold, 1939
  • Berlin, 1. Juli 2017 – No enger leschter Virstellung vum Ibsen sengem Solness peekt den Direkter vun der Volksbühne am Rosa-Luxemburg-Platz zu Berlin no 25 Joer seng Valise. Als Nofolger kënnt ee Mount méi spéit… e Belsch.
  • Berlin, 13. Abrëll 2018 – En halleft Joer méi spéit fënnt de Belsch eraus, datt him Theater awer net grad esou läit a geheit d’Tromm bei d’Bengelen. Leschte Rumeuren no iwwerhëlt hien elo de Familljebetrib vu sengem Papp a verkeeft erëm Fritten zu Knokke.
  • Lëtzebuerg, 13. Abrëll 2018, e puer Stonne méi spéit – Dräi jonk Theaterleit hunn déi weltbeweegend Iddi, en neien Theaterclibbchen an d’Liewen ze ruffen. Den Numm: d’Volleksbühn.

Doraus resultéieren eng Rei Froen: Ass e weideren Theatergrupp zu Lëtzebuerg iwwerhaapt noutwenneg? Brauch d’Vollek nieft der Rockhal nach eng aner Bühn? Firwat Theatergréissten ewéi Castorf, Pollesch,
Fritsch, Marthaler, Gotscheff a Schlingensief noäiferen? Ass den Theaternowuess net komplett vum Lämmes gebass?

D’Saach ass ganz einfach déi: et gëtt gemunkelt, datt Theater a Literatur kéinte Spaass maachen. Klamauk a Slapstick statt Als-ob-Theater; wa scho Marx, dann och Groucho; Gassenhauer&Kitsch statt Kiepenheuer&Witsch. An anere Wierder: Tschüssikowski, Stanislawski! Mä keng Suerg: deen een oder anere besënnlechen Ament gëtt sech och erlaabt.

De Grond? Vollekstheater huet ze vill Potential fir en Hoppen Théid an där neier Revue z’iwwerloossen. Ausserdeem hale mer et fir duerchaus méiglech, datt wat elo vläicht no engem schlechte Belschwitz ausgesäit herno tatsächlech cool gëtt. Also gitt eis alt eng Chance. Wann ech gelift.

Vill méi konkret kënnen a wëlle mer elo net ginn. Frot eis a 25 Joer nach eng Kéier. Respektiv an engem hallwe Joer. Well mer hu schonn e puer Iddie fir d’Saison 2018/19 am Kapp, mä mer wëllen nach net ze vill verroden. Verstitt dat hei als en Ufank, deen huet misse gemaach ginn. Verstitt et als e Virspill, virum eigentleche Spaass. Verstitt et als e Versprieche fir d’Zukunft. Häerzlech wëllkomm bei der Volleksbühn.

Äddi a Pardon.

Merci fir Ar Opmierksamkeet. Bei Froe si mer stelbstversändlech fir Iech do:

 volleksbuehn.lu

 info@volleksbuehn.lu

Anouk Wagener     Jacques Schiltz      Tom Dockal

Share this page: